The L-Space Web

Theater vun der Grausamkeet

Eng Kuerzgeschicht aus der Scheifwelt
vum Terry Pratchett

Copyright © Terry Pratchett 1993


Et war e schéine Summermuergen: däer Deeg een, un deem e Mënsch frou ka sinn, dass e lieft. An héichstwahrscheinlech wier dee Mënsch och méi frou gewiescht, wann e gelieft hätt. E war awer doud. Méi doud konnt een ouni eng extra Ausbildung bal net sinn.

„Majo dann,“ sot de Brigadier Colon (Gendaarmebrigad vun der Stad Ankh-Morpork, Nuetswuecht), an huet säin Notizzblock gekuckt, „bis elo hu mir dat heiten als Doudesursaach, an zwar gouf d'Affer a) mat wéinstens engem stompegen Objet zerklappt b) mat enger Zoossissketten erwiergt, an ass c) vun net manner wéi zwee Déiere mat décke spatzen Zänn uerg gebass ginn. Wat ma mir elo, Nobby?“

„Dee Verdächtege festhalen, Chef,“ sot de Kaporal Nobbs, an huet viru sengem Virgesetzten uerdentlech salutéiert.

„Verdächtegen, Nobby?“

„Ma deen do,“ sot den Nobby, an huet der Läich mat sengem Stiwwel e Stouss ginn. „Esou doud ze sinn, nennen ech am héichste Grad verdächteg. An en huet och nach gesoff. Wéi wier et, mir géifen e wéinst Etat de Mortitude et d'Ivresse publique an de Bing setzen?“

De Colon huet sech de Kapp gekraatzt. D'Läich festhalen hätt zwar seng Avantagen. Mä...

„Fir mech,“ sot hie lues, „hätt de Kapitän Vimes bestëmmt gär, wann deen heite Fall geléist gëtt. Du hues besser d'Läïch zréck an de Commissariat ze bréngen, Nobby.“

„An...däerfe mir dunn d'Zoossissen iessen, Chef?“ sot de Kaporal Nobbs.


Zu Ankh-Morpork, allergréisst vun de Stied op der Scheifwelt, [*] war et keng einfach Aufgab, den Haaptgendaarm ze sinn.

Et gi bestëmmt enzwousch Welten, huet de Kapitän Vimes a senge méi melancholesche Momente bei sech geduecht, wou et keng Zauberer ginn (bei deenen eng Läich an engem vu banne zougespaarte Raum näischt Ongewinntes ass) an och keng Zombien (dat gëtt näämlech e ganz schéi gelungene Muerdfäll, wann d'Affer och Haaptzeie ka sinn) a wou ee sech op d'Hënn ka verloossen, dass déi nuets wierklech näïscht ënnerhuelen a scho guer net uechter d'Géigend lafe mat de Leit ze poteren. De Kapitän Vimes huet un d'Logik gegleeft, sou wéi e Mann, deen an der Wüst erdiischtert, un d'Äis gleeft - dat ass eppes, wat hie wierklech brauch, mä wat an déi heite Welt einfach net passt. Just eng Kéier wier et awer schéin, huet hie geduecht, e Fall ze léisen.

Hien huet d'Läich op dem Dësch, mat hirem bloe Gesiicht, gekuckt an huet e klengt Geflimmers vun Opreegung gespuert. Hei waren dach Indizien! Esou richteg Indizien hat hie bis elo nach ni gesinn.

„Op jidde Fall war et kee Raubiwwerfall,“ sot de Sergeant Colon. „Vu que dass seng Täsche voller Geld waren. Eelef Dollar.“

„Dat nennen ech zwar net voll,“ sot de Kapitän Vimes.

„Et waren elauter Zeng- a Fënnefzantimmsstécker, mon Kapitän. Et wonnert mech, dass seng Box d'Gewiicht iwwerhaapt gepackt huet. An ech hunn och nach duerch eng genial Schlussfolgerung erauskritt, dass hien Entertainer war. Hien hat näämlech Geschäftskäertercher an der Täsch, mon Kapitän: ,Charel Schlummer: Lëschteg Ënnerhalung fir déi Kleng.‘ “

„Et wäerd bestëmmt keen eppes gesinn hunn?“ sot de Vimes.

„Also, mon Kapitän,“ sot de Colon, fir säi Chef opzemonteren, „Ech hunn deem jonke Gendaarm Karrott gesot, e sollt e puer Zeien opdreiwen.“

„Du hues dem Gendaarm Karrott gesot, e soll e Muertfall, ëh, e Muerdfall ënnersichen? Esou ganz eleng?“ sot de Vimes.

De Brigadier huet sech de Kapp gekraazt.

„An deen zu mir gesot: ob ech iergendee géif kennen, dee immens al a ganz uerg krank wier?“


Op der zauberhafter Scheifwelt, do gëtt et näämlech een, dee garantéiert Zeien ass bei all Stierffall. Dat ass näämlech seng Schaff.

De Gendaarm Karrott, dee jéngste vun der Brigad, huet ënnert de Leit gär als eefälteg gegollt. Komplizéiert war en op jidde Fall net, souwäit haten d'Leit zwar recht, dofir awer éischter einfach: einfach wéi e Schwert, oder wéi eng Embuscade, an en huet vläïcht méi direkt, méi gradlinneg nogeduecht wéi soss een an der Geschicht vum Univers.

Bis elo hat hien also um Bett vun engem ale Mann gesiess, deen nawell frou gewiescht war, Gesellschaft ze hunn. An elo war et de Moment, fir säin Notizzblock erauszehuelen.

„Also, Monsieur,“ sot hien, „ech weess, dass Dir eppes gesinn hutt. Dir wart jo do.“

DAT ASS ZWAR RICHTEG, sot der Doud. ECH MUSS JO DO SINN, WËSST DIR. MÄ DAT HEI ASS HÉICHST ONREEGELMÉISSEG.

„Gesidd Dir, Monsieur,“ sot de Karrott, „sou wéi ech d'Gesetz verstinn, wart Dir an dësem Fall Komplizz virun, bei, an eventuell och nach no de Faiten.“

JONKE MËNSCH, ECH SINN D'FAITEN SELWER.

„An ech sinn e Justizbeamten, deen d'Gesetz muss ausféieren,“ sot de Karrott. „D'Gesetz muss jo sinn.“

DIR HÄTT ALSO GÄR, DASS ECH EEN...ËH...USCHÄISSEN? EEN USCHMIEREN? EE VERPÄIFEN? NEEN. KEEN HUET DEN HÄR SCHLUMMER DOUDGEMAACH. DO KANN ECH IECH NET WEIDERHËLLEFEN.

„Dat géif ech zwar net soen, Monsieur,“ sot de Karrott, „Ech mengen, Dir hutt mir scho virugehollef.“

MERDE.

Der Doud huet nogekuckt, wéi de Karrott fortgaangen ass, a wéi dee sech fir déi schmuel Trap vun der Kabäischen erofzegoen de Kapp huet misse bécken.

MAJO, WOU WAR ECH DANN DRUN...?

Wiert Dir da sou léif a géift virumaachen?“ sot de verschrompelten ale Mann am Bett. „Ech hu jo schonn 107 Joer, wësst Dir. Ech hunn net de ganzen Dag ze verspillen.“

AH, JO, DAT ASS WOUER.

Der Doud huet seng Séissel geschlaff. Et war fir d'éischt, dass hien der Poliss bei hiren Ënnersichunge gehollef hat. Mä jidfereen hat jo seng Aarbecht.


De Karrott ass mat ongezwongene Schrëtter uechter d'Stad gaangen. Hien hat eng Theorie. Iwwer d'Theorien, do hat hien e Buch gelies. Et bräicht ee just d'Indizien zesummerechnen, an duerno kéim eng Theorie eraus. Alles huet misse genee beienee passen.

Et waren Zoossissen do. Een huet missen d'Zoossisse kafen. An da waren och Zengzantimmsstécker. Normalerweis bezillt nëmmen ee bestëmmten Deel vun der Mënschheet mat esou klenge Suen.

Also ass hie bei engem Zoossissmetzler laanschtgaangen. Dunn huet hien eng Grupp Kanner fonnt an eng Zäit laang mat hinne gepotert.

Dunn ass hien zréck bei d'Gaass geträntelt, wou de Kaporal Nobbs den Ëmrass vum Kadaver op dem Buedem mat Kreed gezeechent hat (allerdéngs hat deen duerno d'Bild nach gefierft an eng Tubakspäif an e Reesbengel dobäigemoolt, mat och e puer Beem a Sträich als Hannergrond - dofir haten d'Leit him schon 70 Zantimm an den Helm ginn). Hien huet den Dreckskoup um Enn vun der Gaass eng Zäit opmierksam beckuckt, an huet sech dunn op e futtist Faass gesat.

„Dajee...dir dierft elo erauskommen,“ sot hien an déi eidel Loft eran. „Ech hat zwar guer keng Anung, dass et nach Gnomen op der Welt géif ginn.“

Den Dreckskoup huet gekréckelt. Du sinn si ervirmarschéiert komm - de klenge Mann mat der rouder Mütz, mam bockelege Réck a mat der Hokennues, déi kleng Frau mat der Spëtzenhauf a mam nach méi klenge Puppelchen um Aarm, de klenge Gendaarm, den Hond mat der Fraise ëm den Hals an dee butzeg klenge Krokodil.

De Karrott souz do an huet nogelauschtert.

„Hien huet äis duerzou gezwongen,“ sot dee klenge Mann. Deen hat eng verwonnerlech déif Stëmm. „Hien huet äis Streech ginn. Souguer de Krokodil huet der kritt. Hien huet soss näischt verstane wéi mam Bengel zouschloen. An och nach huet hien déi ganze Suen ëmmer geholl, déi den Hond Toby opgehuewen huet, an ass sech domat voll saufe gaangen. Du si mir fortgelaf, hien äis an der Gaass gefaangen an dem Judy eng mam Bengel ginn, an dem Puppelchen och, hien ass ëmgefall an - “

„Wien huet hien als Éischte geschloen?“ frot de Carrot.

„Mir alleguer!“

„Awer net ganz fest,“ sot de Karrott, „Dofir sidd dir alleguer ze kleng. Dir hutt hien net doudgemaach. Doriwwer hunn ech eng ganz iwwerzeegend Zeienausso. Also sinn ech zréck hie fir d'Zweet ukucke gaangen, an hu festgestallt, dass hien erstéckt ass. Wat as dat hei?“

Hien huet eng kleng Scheif aus Lieder an d'Luut gehalen.

„Et ass fir sech d'Stëmm ze verstellen,“ sot dee klenge Gendaarm. „Dat huet hien ëmmer gebraucht. Hien huet gemengt, eis Stëmme wieren net komesch genuch.“

Esou gëtt dat gemaach!“ sot d'Gnomefra, déi Judy geheescht huet, an huet dobäi dem Ale senger verstalltener Stëmm nogemaach.

„Dat Déngen ass a sengem Hals hänke bliwwen,“ sot de Karrott. „Ech géif proposéieren, dir laaft elo fort. An zwar esouwäit, wéi et nëmme geet.“

„Mir haten zwar gemengt, mir kéinnten eng Cooperative populaire grënnen,“ sot den Haaptgnom.

„Wësst Dir...esou experimentaalt Drama, Stroossentheater, an däers Geschirr. Mä ouni äis dobäi een den anere mam Bengel ze schloen...“.

„Dat do hutt dir fir Kanner gemaach?“ sot de Karrott.

„Hien huet gesot, dat wier eng nei Zort Ënnerhalung. Hien huet gemengt, dat géif geschwë Moud ginn.“

De Karrott ass opgestanen an huet d'Stëmmscheif an den Dreckskoup geheit.

„Dat wäerden d'Leit ni akzeptéieren,“ sot hien. „Esou gëtt dat net gemaach.“

[*] Déi flaach ass an duerch d'Weltall op dem Réck vun enger riseger Deckelsmouk fiert, a firwat net...


Um Ufank ass „Theater vun der Grausamkeet“ fir de Magazin „Bookcase“ vun der Librairie W. H. Smith geschriwwe ginn. Déi erweidert Versioun hei uewen ass spéider am Programmsheft fir d' OryCon 15 Convention verëffentlecht ginn.

Dës Online-Versioun vun der Geschicht ass mat der frëndlecher Erlaabnes vum Auteur zur Verfügung gestallt ginn, dee sech awer all d'Reproduktiouns- an aner Rechter am Zesummenhank mat der Geschicht virbehält. Wéi hie selwer seet: „Ech wëll se zwar néierens gedréckt am Vertrib gesinn, mä ech hunn näïscht dogéint wann d'Leit se fir hir eege Plëséier eroflueden.“

Op Lëtzebuergesch iwwersat vum: Henry Wickens


[Up]
This section of L-Space is maintained by The L-Space Librarians

The L-Space Web is a creation of The L-Space Librarians
This mirror site is maintained by Colm Buckley